Leon Askin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Leo Aschkenasy |
Gebuer |
18. September 1907 Wien |
Gestuerwen |
3. Juni 2005 Wien |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
De Leon Askin, gebuer als Leo Aschkenasy den 18. September 1907 zu Wien an och do gestuerwen den 3. Juni 2005, war en éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller an Theaterregisseur.
De Leon Askin ass vun 1926 un am Theater opgetrueden. Als Judd huet hien no 1933 Nazi-Däitschland misse verloossen. No Openthalter zu Paräis, Wien an erëm Paräis ass hien 1940 an d'USA emigréiert.
Hie krut seng éischt Roll am Kino am Joer 1952. Hie war a Filmer vu bekannte Regisseure wéi Robert Parrish, Don Siegel, Henry Koster, Helmut Käutner, Billy Wilder, Blake Edwards an Henri Verneuil ze gesinn.